Eis Walprogramm fir d’Gemeng Habscht
Notre programme électoral pour la commune de Hobscheid – Our electoral programme for the commune of Hobscheid – O nosso programa eleitoral para a comuna de Hobscheid
Invitatioun Walversammlungen
Mir invitéieren de 25. Mee an den 2. Juni op eis zwou Walversammlungen. Bei där Geleeënheet kënnt dir eis Kandidaten treffen, a wäert eise Walprogramm och virgestallt kréien. Mir freeën eis iech zuelräich kënnen zu Äischen an zu Simmer ze empfänken.
3 Froën un de Schäfferot – 29. März 2023
Concerne : Äntferten vum Buergermeeschter op eis Froen Am Gemengerot vum 29. Mäerz 2023 huet d’DP-Fraktioun 3 Froen un de Schäfferot schrëftlech eraginn. Hei publizéieren mer e kuerzen Resumé vun de jeeweilegen Äntwerten vum Buergermeeschter, deen ëmmer als eenzegen op des Froen äntwert. Nous invitions le collège des bourgmestre et échevins : Den Toun vun der Äntwert, déi mir kruten, war deplacéiert an onmanéierlech an zum Deel eis géigeniwwer accusatorësch. Et ass nu mol an engem demokratësche System, och esou an der Gemeng Habscht, erlaabt dem Buergermeeschter a sengem Schäfferot Froen ze stellen. Zemools wann mir vu Leit vum Personal kontaktéiert ginn, datt et Problemer ginn. En Audit vum Personal vir dass ee kann Dysfonctionnementer un d’Liicht bréngen, muss anonym sinn, soss sinn d’Leit net frei ze schwätzen. A grad dëst ass hei net geschitt. Virun allem awer och ass hei dem Gemengerot kee Bericht presentéiert ginn. Mir hunn nit a Fro gestalt datt d’Gestioun vum Personal net soll Kompetenz vum Schäfferot sinn, awer d’Surveillance vun den Aktiounen vum Schäfferot ass Kompetenz vum Gemengerot. Op des Fro krute mir eng zimmlech komesch Äntwert. Et wier „op Bedreiwen vun der Oppositioun, (der DP), datt den Territoire vun der fréierer Simmerer Gemeng nach am SICA bliwwe wier“. Des dach erstaunlech Ausso kann net onkommentéiert am Raum stoe bleiwen. Et ass wouer dass d’DP sech vir eng solidaresch Léisung tëschent de Gemengen (Gemengesyndicat SICA) ausgeschwat hat. Mee Jidderee weess dass de Schäfferot mat senger ekrasanter absolutter Majoritéit am Gemengerot d’Decisiounen hëlt a bestëmmt, net